D'Echappée 2026
Och déi fënneft Editioun vun der D’Echappée konnt nees eng Kéier op e staarken Zousproch vu Säite vun der Vëlo-Szene zielen: méi wéi 400 Coureuren hunn ee vun den ugebuedene Parcouren bei beschtem Wieder a Ugrëff geholl. Fir dës Editioun hate mir ausnamsweis eng nei Location, d’“Hall Sportif” zu Consdorf. Dëst ass mat Erausfuerderungen einher gaangen, mee der Ambiance huet se net geschuet – déi war openneits aussergewéinlech gutt. Dobäi konnte mir esouguer e neie Rekordbetrag sammelen. Mir hunn den Projet “Stop Child Trafficking” ënnerstëtzt, mat dem 450 Kanner virun der Ausbeutung an de Stroosse vu Kampala (Uganda) ze retten. Wéi ëmmer soe mir Iech ALLEN Bedeelegten (Coureuren, Sponsoren, Benevollen an der Gemeng Consdorf) e groussen MERCI fir hiren Asaz!

















