Gudden Zweck

Du wëlls net mat pedalléieren, mee du wëlls dech um Projet bedeelegen? Dann maach een Payconiq oder een Virement mam Vermierk “Don Randonnée D’Echappée 2026” op den Konto:

Coopération Nord-Sud a.s.b.l.

IBAN: LU98 0019 3555 9664 7000

BIC SWIFT CODE: BCEELULL

Payconiq

Den ganzen Erléiss gëtt un d’ONG “Coopération Nord-Sud a.s.b.l.” gespent!

Coopération Nord-Sud a.s.b.l.

Coopération Nord-Sud ass eng ONG déi 2011 gegrënnt gouf an 2015 den Agrement krut vum Ausseministere.

Am Süden ënnerstëtze si marginaliséiert Gruppen duerch Educatioun a Weiderbildung. Hei zu Lëtzebuerg setze si sech a fir d’Integratioun vu Flüchtlingen.

De Kannerhandel stoppen

Mam Erléis vu D’Echappée 2026 ënnerstëtze mir de Projet  Stop Child Trafficking andeems mir 450 Kanner vun der Ausbeutung an de Stroosse vu Kampala retten

Wat ?   Dëse Projet huet als Zil géint de Kannerhandel virzegoen an esou wuel d’Communautéit wéi d’Autoritéiten ze responsabiliséieren.

Wou?   Am Uganda, Géigend vu Karamoja (Napak Distrikt) an an der Haaptstad vum Uganda (Kampala).

Mat dësem Projet erwaarde mir follgend Resultater :

– Eng Ëmfro iwwert de Kannerhandel gëtt duerchgefouert.

– Lokal Schoulen erhéijen hir Opnam vu Schüler*innen.

– D’sozial Akzeptanz vu Kannerhandel an -ausbeutung am Napak Distrikt gëtt bedeitend reduzéiert.

– D’Zuel vun de Kanner (besonnesch Meedercher) aus dem Napak Distrikt, déi an der Strooss an der Stad Kampala liewen, gëtt ëm 50 % erofgesat.

Mat wem ?

D’Partnerorganisatioun op der Platz ass den Equal Opportunities Desk vun der Diozees vu Moroto. Et ass ganz engagéierter Equipe déi schonn immens gutt Resultater erziilt huet an dank hirem Engagement d’Zukunft vun dausende Kanner verbessert huet.

 Fir weider Detailer, scann de QR-Code a kuck dir den interessante Film iwwer de Projet un: