Infoen

ab 7h45:
gemittlecht Antreffen vun den Deelhueler

vun 8h00 bis 10h00:
individuellen Start ab 8 Auer méiglech (Ausnam: fir den 118 km Tour: Depart zwëschen 8 an 9 Auer)

8h30:
gemeinsamen Start vum 118 km Tour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

9h30:
gemeinsamen Start vum 28 km, 55 km, 87 km Tour an vum 58 km Graveltour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

11h00-15h00:
Mëttesiessen (Nuddelen mat veganer Zooss an Uebsttaart)

15h00:
Lescht méiglech Arrivée

Osweiler (no 26 km) : 8h45-11h15

Bäerdref (no 50 km): 9h30-12h15

Bettel (no 75km fir den 118 km Tour): 10h30-13h30

Iermsdref (no 70 km fir den 87 km Tour an no 104 km fir den 118 km Tour): 10h15-14h30

Centre polyvalent „Kuerzwenkel“
19, rue de Berdorf
6213 Consdorf

Parkméiglechkeete sinn do (keng Duschméiglechkeeten

D’Mëttesiesse besteet aus Spirelli Nuddele mat enger veganer Tomatenzooss mat Geméis an Tofu an engem Stéck Uebsttaart als Dessert. D’Mëttesiessen (Pasta + Uebsttaart) kascht 10 €.

Mëttesiesse gëtt vun der Nuddelfabrik gesponsert.

Mëll dech w.e.g. am Virfeld online fir d’Mëttesiessen un.

No-Drop Social Road Ride. Egal ob Ufänger:in oder Kompetitiounsvëlofuerer:in – mir lueden dech an, zesumme mat Gläichgesënnten an enger Grupp ee flotte Vëlostour ze maachen. Et geet net em Kilometer- oder Wattzuele – eenzeg de Spaass steet am Vierdergrond. Jiddereen ass wëllkomm. Dat ganzt ass natierlech fir de gudden Zweck!