Touren

Den Tour start beim Centre Polyvalent „Kuerzwénkel“ zu Konsdref. Mir fueren duerch Konsdref an uschléissend biergof an de Mëllerdall, direkt laanscht de Schéissendëmpel.

De Mëllerdall ass bekannt fir seng Fielsformatiounen. Nodeems mir de Mëllerdall passéiert hunn, fuere mir duerch de Blummendall erop bis op Jonglënster, iert et iwwert eng oppe Landschaft an duerch kleng Dierfer mat ländlechem Charakter mam Tour weider geet. Zu Beidler trennt sech den 30 km Tour an déi aner dräi Tier. De kuerzen Tour feiert iwwert de Vëloswee PC2 (eemoleg Zuchstreck) mat moderater Steigung iwwert Bech zeréck op Konsdref. Sou ass dësen Tour och kannerfrëndlech, wei och ideal fir Léit déi eng sportlech Aktivitéit sichen ouni gréisser Schwieregkeet. Bei deene längeren Tier ginn no Bruch d’Dierfer Berbuerg, Hierber an Uesweller duerchfuer.

Photograph John Oesch

Hannert Dickweiler feieren d’60, 90 an 120 km Tier un der landschaftlech schéi geleeënen Kapell Girsterklaus laanscht. Vun do aus geet et biergof an d’Dall vun der Sauer. Di nächst 12 km feiere gemittlech laanscht d’Sauer bis op Iechternach.

Photograph John Oesch

Hannert der Abteistiedchen, kënnt een usprochsvollen Deel vun der Streck: eng 5 km laang Steigung bis op Bäerdref. D’Ustrengung lount sech awer: mir fueren duerch eng spektakulär Fielslandschaft, ënner anerem laanscht bekannte Sandsteenformatioun wéi dem „Perekop“. Op dem Plateau ukomm, huet een d’Méiglechkeet haaptsächlech flaach bis op Konsdref zeréck bei den Ausgangspunkt vun der Randonnée ze fueren, oder sech fir den 90 oder 120 km Tour z’entscheeden.

Entscheet een sech fir den 90 km oder 120 km Tour geet et no Bäerdref biergof – laanscht eenzegaarteg Fielsformatioune – an d’Dall vun der Schwaarzen Iernz. Zäit fir sech z’erhuele bléift just kuerz, onmëttelbar no der Descente steet déi nächst Montée un, erop op de Plateau vu Beefort. Kuerz no der „Beeforter Heed“ geet et biergof Richtung Reisduerf mat herrlecher Aussicht op d’Sauerdall.

Zu Reisduerf kann een entscheeden ob een iwwert Iermsdref, Suewelbuer, Haler, Waldbëlleg, duerch de Mëllerdall zeréck op Konsdref fiert oder awer nach bei bestoende Kraaftreserven 30 km drunhänkt. Dës 30 km hunn et awer nach eng Kéier an sech. Direkt no Reisduerf geet et iwwert eng Steigung bis op Bettel. Duerno erreecht een dat mëttelalterlecht Veianen, mat Bléck op déi bekannte Buerg geet et duerch de wonnerschéinen Naturpark Our op Biwels. Hei bidden sech den Deelhueler ganz schéin Aussiichten. No Biwels steet déi nächst usprochsvoll an warscheinlech schwieregst Steigung vun der Randonnée un, et geet biergop bis op de Mont St. Nicolas. Iwwer Groesteen geet et erof bis op Baastenduerf, Highlight ass hei eng spektakulär Aussicht op d’Buerg Baastenduerf. Vun hei geet et iwwert Gilsdref, Brouderbuer bis op Iermsdref, wou een op d’Streck vum 90 km Tour stéisst.