D’Echappée 2022

D’Echappée ass eng Randonnée zu Lëtzebuerg bei der den gesamten Erléis un en gudden Zweck gespent gëtt. D’Echappée ass t’Weiderféierung vun der Passes for Africa Challenge. Dat war en Challenge den sech den Philippe fir säin 30. Gebuertsdag gesat hat – all t’Schwäizer Stroossenpäss innerhalb vun engem Joer mam Vëlo ze fueren. Nieft der sportlecher Erausfuerderung stoung den gudden Zweck am Vierdergrond.

Fir zousätzlech Spenden ze sammelen haten den Nicolas an den Philippe dunn t’Idee en Vëlostour zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Participante sollten eng kleng Startgebühr bezuelen, déi dann kéint integral gespent ginn. Aus engem kléngen Vëlostour ënner Kolleegen ass dunn schnell eng offiziell Randonnée vun der FSCL ginn.Zwee weider Kolleegen, den Alex Engeldinger an den Daniel Foeteler waren schnell iwwerzeegt bei der Organisatioun ze hëllefen an sou konnt den Projet erfollegräich ëmgesat ginn.

Déi éischt Ausgab war en vollen Erfolleg, insgesamt konnten 8’000€ fir den Projet “Bike to School” vun Velafrica gesammelt ginn (fir méi Informatiounen zu dem Projet: https://velafrica.ch/was-wir-tun/bike-to-school/).

An dat huet eis motivéiert och 2023 rëm des Randonnée ze organiséieren, bei der mir hoffentlech vill vun iech begréissen kennen.