D’Echappée 2023

De 7. Mee 2023 huet déi zweet Editioun vun der Randonnée « Echappée » zu Consdorf stattfonnt, organiséiert vun der jonker vëlosbegeeschterter Equipe: Matthias Heck, Daniel Foeteler, Anne Homan, Philippe Reuland, Nicolas Schmitz an Chris Weyland.  

2023 waren och nees vill Leit, souwuel Kompetitiounsvëlofuerer, wéi Ufänger um Start fir mat Gläichgesënnten an enger Grupp dëse flotte Vëlostour ënnert anerem duerch ze Mëllerdall ze fueren. Bei der zweeter Editioun huet sech d’Echappées-Team dofir entscheet sämtlech Recetten (Aschreiwungsgebühr, Sponsoring, Iessen & Gedrénks, Merchandise) integral un d’ONG Le Soleil dans la Main ze spenden. Et ass déi stolz Zomme vun 8.472€ zesumme komm.

Dës Sue ginn am Burkina Faso agesat fir ville Kanner a Jugendlechen et ze erméiglechen an d’Schoul ze goen, eng Ausbildung ze kréien an och dat néidegt Material finanzéiert ze kréie fir duerno selbstänneg an d’Beruffsliewe kënnen ze starten. Dobäi handelt et sech ausschliisslech em Kanner déi a grousser Nout a Gefor sinn, ënnert anerem Stroossekanner, Kanner déi physescher a psychescher Gewalt ausgesat sinn.

Ee grousse Merci un all déi fräiwëlleg Mataarbechter déi fläisseg eng Hand mat ugepaakt hunn bei den Inscriptiounen, Ravi’en, Gedrénks- an Iessstänn.

Ee grousse Merci geet awer och virun allem un all d‘Velosfuehrer an d‘Sponsoren, déi mat hirer super Leeschtung an hire generéise Spenden dëse formidabelen Don iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.