D'Echappée 2025
Och déi véiert Editioun vun der Echappée konnt nees eng Kéier op e staarken Zousproch vu Säiten vun der Vëlo-Szene zielen: 283 Coureuren hunn ee vun den insgesamt 6 ugebuedenen Parcoursen (4 Stroossen – Circuit + 2 Gravel – Parcoursen) bei beschtem Wierder an Ugrëff geholl. Schlussendlech sinn 13.247 Euro zesummekomm, déi mir der ONG “Cooperation Nord-Sud” (CNS) fir de Kaf an Ëmbau vun enger Ambulanz konnten iwwerweisen. Des medezinesch Uschafung erlaabt et déi medezinesch Versuergung an der Regioun “Karamoja” (Uganda) ze stäerken. Wei ëmmer, soe mir Iech ALL (Coureuren, Sponsoren, Benevollen, der Gemeng Consdorf) MERCI fir ären Asaz!




































